Comité
Presidentin:
Nancy Dupont-Courtois
Vize-Presidentin:
Ursula Berkes
Sekretär(in):
–
Tresorier:
Steve Dupont
Memberen:
Pascal Berkes
Arthur Mossong
Chronik
Februar 1985: Grënnung vum Veräin
Dezember 2015: De Veräi gëtt an eng ASBL ëmgewandelt
Mee 2025: Wéins dem ASBLs-Gesetz vun 2023 sinn d’Statuten iwwerschafft ginn
Dezember 2025: De Veräi kritt en neie Logo an eng Internetsäit
Zweck vum Veräin
Den Zweck vum Veräin ass et, Leit zesummen ze bréngen a Wanderungen am Kader vum internationale Vollekssport auszeféieren. Fir dëst Zil ze erreechen, kann de Veräi follgend Aktivitéiten ënnerhuelen:
- U Vollekssportwanderungen deelhuelen
- D’Organisatioun vu Vollekssportveranstaltungen ouni leeschtungssportleche Charakter an der Regioun Beefort
- D’Fërderung an d’Betreiung vu permanente Wanderweeër am Kader vum Vollekssport
- Aktiv d’FLMP bei der Ausféierung vun hiren Aktivitéiten ënnerstëtzen
Grënnung an d’Ufäng vum Veräin
Op Niklosdag 1984 hate fënnef Beeforter d’Iddi, e Wanderveräin ze grënnen. Schonn am Februar 1985 gouf de Veräin offiziell an der Jugendherberg zu Beefort gegrënnt an am selwechte Joer als Member beim Lëtzebuerger Wandersportverband (FLMP) opgeholl.
Déi éischt Aktivitéit war e Rallye pédestre op Stiefesdag 1985. Déi éischt offiziell Wanderung déi vum Veräin organiséiert gouf, ass op Päischten 1986 ofgehalen ginn – mat 1.224 Participanten e richtege grousse Succès.
Éischte Comité
President: Nic. Palz
Vizepresident: Jos. Peltzer
Sekretär: Nic. Berkes
Caissier: Jean-Marie Stephany
Memberen: Nic. Courtois, Marco a Romain Mossong
Quell: MyWort 11. August 2010

