Clubwanderen 28.3.2026

All Trimester steet d’Ëmzeechnung vun eise „Permanente Wanderweeër“ um Programm. Dës Kéier hu mir d’Chance genotzt, fir eis Membere mat dobäi ze huelen. Moies hu mir de PW020 gemeet, an Nomëttes de PW030. Trotz Schnéi a Reen, waren eng 20 Leit mat dobäi — richteg flott!

Natierlech huet och de gesellegen Deel net gefeelt, mir hunn zesummen an der Beeforter Jugendherberg zu Mëtteg giess.

Infoe zum PW020 an zum PW030 fannt dir op eiser Säit Wanderweeër.

Hei e puer Impressiounen vun eisem Clubwanderen – trotz dem Wieder eng flott Stëmmung.