Déi gutt besichte Generalversammlung vun de Wanderfrënn Beefort huet den 11. Abrëll am Kummelsbau stattfonnt.
No der Begréissung goufen déi wichtegst Punkte vum Owend presentéiert:
- Aktivitéitsbericht vum Comité
- Finanzbericht an de Rapport vun de Revisoren
- Entlaaschtung vum Comité
- Projeten an Aktivitéiten 2026
- Statistiken zu de Wanderungen
- Éierungen (10, 50,100 an 1000 Participatiounen)
E besonnesche Moment war d’Éierung vum Arthur Mossong, dee fir seng 40.000 gewanderte Kilometer – dat entsprécht engem Tour ronderëm d’Äerd – ausgezeechent gouf.
D’Presidentin Nancy Dupont‑Courtois huet d’Geleeënheet genotzt, fir de Membere, den Hëllefer an allen Ënnerstëtzer häerzlech Merci ze soen. Ouni si wieren déi vill Aktivitéiten am Laf vum Joer net méiglech. Si huet och en Opruff gemaach, datt all Hëllef fir Päischtméindeg, de 25. Mee, an d’Ultrawanderung X‑Trek, de 26. September, gebraucht gëtt.
Zum Ofschloss huet de Vertrieder vun der Lëtzebuerger Wandersportfederatioun (FLMP), Paul de Jager, d’Wuert un d’Versammlung geriicht.

